Cycle 1 organiséiert e Fuesëmzuch mat Fuesmännchen

De Moien hunn e puer Klassen, aus dem Cycle 1 a Cycle 1 Precoce, e Fuesëmzuch mat engem Fuesmännchen duerch Miersch a Begleedung vun der Police organiséiert. Si sinn vum Gebai Jean Majerus duerch Gebai Albert Elsen gezunn, hei hunn si hire Schoulkollegen aus dem Cycle 2 gesongen a sinn duerno duerch d’Haaptstrooss vu Miersch, mat sangen an trommelen, bis bei de Centre Marisca gezunn. Hei hunn si als Belounung an als kleng Stäerkung e Fueskichelchen kritt ier se uschléissend duerch de Park erëm an d’Schoul gaang sinn.

fuesemzuch

Continue Reading →

Photoen vum Concert vum Cycle 1 um Chrëschtmaart zu Miersch

Samschdes Owes, Sonndes Moies 11.30 a Sonndes Mëttes 15.00 Auer

Post Navigation